Auf Facebook teilen Per E-Mail senden Drucken

Éiner Wënzerdag


Missiounen an Ziler



Den Éiner Wënzerdag huet sech folgend Missiounen an Ziler gesat:


D’Organisatioun vum traditionnelle Wäifest, dem « Éiner Wënzerdag », dat dëst Joer den 3te Weekend am Juli stattfënnt. Dee Weekend ass och e Vernissage vun ener Konschtausstellung am Wäimusée zu Éinen.


Am Kader vum Riesling Open invitéiert den Éiner Wënzerdag op Mettegiessen, an den Wäimusée zu Éinen.


Den Éiner Wënzerdag as och ganz aktiv am Domaine vum Folklor a vun der Geschicht zu Éinen.

Fir de Semi-Marathon « Route du Vin » Ënn September mécht eis Asscoiatioun e klenge Stand op der Muselstrooss, bei dem d’Spectateure vun der Course eng kleng Stäerkung kënnen zou sech huelen.

Wéi déi lescht Joren empfänkt den Éiner Wënzerdag de 5. Dezember de Kleeschen zu Éinen.

Den drëtte Sonndeg am Mount Januar organiséiere mir wéi all Joer d’Antoniuskiermes zu Éinen.


Eng aner wichteg Aufgab vum Éiner Wënzerdag ass d’Verschéinerung vun Éinen. Hei ass eent vun eisen Ziler der Gemeng bei der Realisatioun vum Projet Puddel ze ënnerstëtzen.

Eng aner Missioun, déi mir eis gesat hunn, ass d’Ënnerhale vun de Circuits auto-pedestres vun Éinen.

Och dëst Joer ginn nees en etlech Mesuren ënnerholl fir eist Duerf nach méi schéin ze gestalten.

D’ Brochür “Historesche Rondgank duerch Éinen” soll méi an d’Ëffentlechkeet gedroe ginn, andeems d’Distributioun un d’Touriste verbessert gëtt.